D'Wiederstatioun läit op enger Héicht vun 322 m iwwer dem mëttlere Mieresniveau, deen zu Amsterdam gemooss gëtt.
Dir fannt hei déi aktuell Date vun eiser Wiederstatioun, an d'Wiederprevisioune fir déi nächst 3 Deeg.
Do dernieft ginn hei all Mount e Bulletin a Wiedergrafike verëffentlecht mat den Déifst-, Duerchschnëtts- an Héchstwäerter. Ausserdeem gëtt e Wiederbulletin mat de Wäerter pro Joer an e Bulletin pro Joer mam Verglach vun de Wäerter pro Mount.
Mir hunn och eng Datenbank mat den deegleche Wäerter vun Temperatur (Minimum, Maximum an Duerchschnëtt), Loftdrock (Minimum a Maximum), Solarstralung, Nidderschlag a maximaler Wandgeschwindegkeet.